Haaptsäit
Wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Am Moment gëtt et 67.846 Artikelen an 120 aktiv Benotzer, an all Mount kommen Dosenden nei Artikelen derbäi.
Jidderee kann hei matmaachen – och Dir!
Aktuell WikiProjeten: Kënschtlerbiographien, Leit op Stroosseschëlter
Wousst Dir schonn, datt…

- … d'Ionesch Revolt 500/499 v. Chr. en Opstand vun de klengasiateschen an zypriotesche Griiche géint d'Perser war?
- … Jéinesch (oder Lakerschmus), d'Sprooch vun de Jéinen, bis ufanks vum 20. Joerhonnert vu Weimeschkiercher Händlerfamille geschwat gouf?
- … de Moler Pierre-Joseph Redouté (1759-1840) Rafael vun de Blumme genannt gouf?
- … souwuel de Monet wéi de Manet en Tableau mam Numm Le déjeuner sur l'herbe gemoolt hunn?
- … de Jérôme vu Bauschelt (ëm 1470 - 1517) Member vum Grousse Conseil vu Mechelen war?
Artikel vun der Woch

Zu Lëtzebuerg gouf de Begrëff vun der Vëlosstrooss am Abrëll 2018 agefouert. Den Ufank an d'Enn vun der Vëlosstrooss si mat de Schëlter E,18a an E,18aa gezeechent.
De Verkéier ass do op 30 km/h limitéiert; d'Trajete vun de motoriséierte Gefierer déi do fueren, mussen um kierzte Wee gemaach ginn, se dierfen d'Cycliste weeder iwwerhuelen, nach a Gefor bréngen oder se behënneren, a se musse stoe bleiwe wann et néideg ass. An der Vëlosstrooss ass et verbueden ze stationéieren, ausser wa speziell Plazen agezeechent sinn.
Och an der Belsch, an Holland, an Däitschland an an Éisträich ass dat Konzept ënnert dem Numm rue cyclable, fietsstraat oder Fahrradstraße bekannt... > méi

Op engem 25. August
- 1530: Gebuert vum russeschen Zar Iwan de Schrecklechen.
- 1625: De lëtzebuergesche Missionär, Moler an Auteur Johann Philipp Bettendorff gëtt gebuer.
- 1744: Den däitschen Dichter, Philosoph, Iwwersetzer an Theolog Johann Gottfried Herder kënnt op d'Welt.
- 1902: Déi lëtzebuergesch Sproochwëssenschaftlerin Hélène Palgen gëtt gebuer.
- 1911: De vietnameesesche Generol a Politiker Võ Nguyên Giáp kënnt op d'Welt.

Leonard Bernstein - 1918: Gebuert vum US-amerikaneschen Dirigent a Komponist Leonard Bernstein.
- 1930: De brittesche Schauspiller Sean Connery gëtt gebuer.
- 1964: Doud vum lëtzebuergesche Fotograf Théo Mey.
Kierzlech Verstuerwen

- 25. August: Dolly Parton, US-amerikanesch Countrysängerin.
- 24. August: Philippe Bouvard, franséische Journalist a Radios- an Teleesanimateur.
- 23. August: Klaus-Michael Kühne, däitsche Geschäftsmann.
- 22. August: Siim Kallas, estnesche Politiker.
- 19. August: Nicolas Strotz, lëtzebuergesche Politiker.
Aner Wikimediaprojeten
Meta-Wiki– Koordinatioun
Commons– Medien
Wiktionnaire – Dictionnaire
Wikibooks – Léierbicher
Wikiquote – Zitater
Wikiversity – Léierplattform
Wikisource – Quellen
Wikinews – Noriichten
Wikidata – Wëssensdatebank
Wikivoyage – Reesguiden
MediaWiki – MediaWiki-Software
Wikispecies – Datebank fir Liewewiesen
Wikifunctions – Funktiounsbibliothéik
