Alhambra
D'Alhambra ass eng Buergstad an e Festungskomplex zu Granada, an der spuenescher Autonomer Gemmeinschaft Andalusien. Et ass ee vun de bekanntste Monumenter vun der islamescher Architektur an deen eenzege gutt erhale Palais aus der mëttelalterlecher islamescher Welt. Ausserdeem gëtt et dora bemierkenswäert Beispiller vun der spuenescher Renaissancearchitektur.
|
| |
| Geographesch Donnéeën | |
|---|---|
| Land | Spuenien |
| Gemeng | Granada |
| Koordinaten | 37°10'34,82"N, 3°35'17,56"W |
| Donnéeë vum Gebai | |
| Statut | Partie vun engem UNESCO Weltkulturierwen |
| Datum vum Bau | 1239 (julianesch) |
|
| |


De Bau vum Komplex gouf 1238 op Uerder vum Muhammad I. Ibn al-Ahmar ugefaangen, dem éischten Nasriden-Emir a Grënner vum Emirat Granada, dem leschte muslimesche Staat vun al-Andalus. E gouf um Sabika-Hiwwel gebaut, engem Ausleefer vun der Sierra Nevada, wou fréier d'Festung an de Palais vum Samuel ibn Naghrillah aus dem 11. Joerhonnert stoungen. Spéider Nasriden-Herrscher hunn d'Alhambra ëmmer weider ëm- an ausgebaut. Déi bedeitendst Baukampagne, déi de kinnekleche Palaisen e groussen Deel vun hirem prägenden Ausgesi ginn hunn, war am 14. Joerhonnert ënner der Herrschaft vum Yusuf I. an vum Muhammad V.
Nom Enn vun der chrëschtlecher Reconquista am Joer 1492 gouf d'Alhambra zum Kinnekhaff vum Ferdinand an der Isabella (wou de Christoph Kolumbus d'kinneklech Ënnerstëtzung fir seng Expeditioun krut), an d'Palaise goufen deelweis verännert. 1526 huet de Karel V. en neie Palais am Renaissance-Stil baue gelooss, deen direkt nieft d'Nasride-Palaise ze stoe koum.
D'Alhambra selwer ass an de Joerhonnerten dono zerfall, an d'Gebaier goufe vun de Leit fir Wunnnzwecker ëmfonctionéiert. D'Truppe vum Napoleon Bonaparte hunn 1812 Deeler dovun zerstéiert. Duerno gouf d'Alhambra zu enger Attraktioun fir brittesch, amerikanesch an aner europäesch romantesch inspiréiert Reesender. Dee gréissten Impakt hat de Washington Irving, deem seng Tales of the Alhambra (1832) international Opmierksamkeet kruten. D'Alhambra war ee vun den éischten islamesche Monumenter, déi zum Objet vu moderne wëssenschaftleche Studie goufen, a gouf zënter dem 19. Joerhonnert wärend laanger Zäit restauréiert.
Haut ass et eng vun de wichtegsten Touristenattraktiounen a Spuenien an als UNESCO-Weltierwe klasséiert.
Wärend der Nasriden-Zäit war d'Alhambra eng onofhängeg Stad, déi vum Rescht vun der Stad Granada am Dall getrennt wart. Et huet déi meescht vun den Etablissementer ennthalen, déi fir eng muslimesch Stad typesch waren: Eng Freidegsmoschee, Hammamen (ëffentlech Bieder), Stroossen, Haiser, Handwierksatelieren, eng Gierwerei an e sophistikéierte Waasserversuergungssystem. Als kinneklech Stad an Zitadell huet s'op d'mannst sechs grouss Palaisen enthalen, déi meescht dovun um nërdleche Rand, wou se eng Vue iwwer de Quartier Albaicín haten. Déi bekanntst an am beschten erhale sinn de Mexuar, de Comares-Palais, de Palais vun de Léiwen an de Partal-Palais, déi haut d'Haaptattraktioun fir d'Visiteure sinn. Déi aner Palaisen sinn aus historesche Quellen an duerch modern Ausgruewungen bekannt. Um westleche Punkt vun der Alhambra läit d'Festung Alcazaba. Et ginn och verschidde méi kleng Tierm a befestegt Paarte laanscht d'Mauere vun der Alhambra. Baussent den Alhambra-Maueren, ganz am Osten, läit de Generalife, e fréiert Nasrid-Landhaus a Summerpalais, mat sengen historesche Bongerten a modern ugeluechte Gäert.
D'Architektur vun den Nasrid-Palaise reflektéiert d'Traditioun vun der maurescher Architektur. Si ass charakteriséiert duerch engem Bannenhaff als zentralem Raum an als Basiseenheet, ronderëm déi déi aner Halen a Raim organiséiert goufen. Häff haten typescherweis Waasserelementer an hirer Mëtt, wéi e reflektéierende Weier oder e Sprangbur. Dekorativ Elementer sipraktesch nëmme bannen an de Gebaier ze fannen, haaptsächlech Mosaiken aus Plättercher op den ënneschte Maueren a geschnëtzte Stuck op den ieweschte Maueren. Geometresch Muster, Planzemotiver an arabesch Inskriptiounen waren d'Haaptmotiver vun der Dekoratioun. Zousätzlech goufe "Stalaktitten"-äänlech Skulpturen, bekannt als Muqarnas, fir dräidimensional Elementer wéi gewëlleft Plafongen benotzt.
