2026
Joer
◄ |
20. Joerhonnert |
21. Joerhonnert
◄◄ |
◄ |
2022 |
2023 |
2024 |
2025 |
2026
| 2027
| 2028
| 2029
| 2030
| ►
| ►►
Dës Säit befaasst sech mam Joer 2026.
D'Joer 2026 huet op engem Donneschdeg ugefaangen. Et ass kee Schaltjoer.
Evenementer
änneren- 1. Mee: d'Vereenegt Arabesch Emirater trieden aus dem OPEC aus.
Europa
änneren
- 1. Januar: Bulgarie gëtt Member vun der Eurozon a féiert den Euro an.
- 1. Januar: 41 Doudeger an iwwer 100 Blesséierter bei engem Feier op enger Silvesterfeier an enger Bar zu Crans-Montana an der Schwäiz.
- 18. Januar: Bei engem Eisebunnsaccident mat zwéin Héichvitesszich an der spuenescher Provënz Córdoba kommen ëm 42 Leit ëm d'Liewen.
- 21. Januar: D'Ilijana Jotowa gëtt nom Récktrëtt vum Rumen Radew Presidentin vu Bulgarien.
- 8. Februar: Den António José Seguro gewënnt am 2. Tour d'Presidentewalen a Portugal, hie gëtt den 11. Mäerz vereedegt.
- 23. Februar: De Rob Jetten (D66) gëtt als neie Premierminister an Holland vereedegt.
- 8. Mee: De Rumen Radew gëtt als neie Premierminister vu Bulgarien vereedegt, nodeems seng Partei Progressiivt Bulgarien den 19. Abrëll déi virgezunne Parlamentswale mat 130 vun 240 Sëtz gewonnen hat.
- 9. Mee: De Péter Magyar gëtt als neie Premierminister vun Ungarn vereedegt, nodeems seng TISZA-Partei den 12. Abrëll bei de Parlamentswalen déi absolutt Majoritéit géint dem Viktor Orbán seng Fidesz gewonnen hat.
- 28. Mee: Nom Récktrëtt vun der Evika Siliņa, den 11. Mee, gëtt den Andris Kulbergs neie Premierminister a Lettland.
- 3. Juni: No de Parlamentswale vum 24. Mäerz an Dänemark gëtt eng nei lénk-Mëtt Regierung aus véier Parteien ënner der Mette Frederiksen vereedegt.
- 14. Juli: Den Mindaugas Sinkevičius gëtt neie Premierminister a Litauen.
- 20. Juli: Den Andy Burnham gëtt, nom Récktrëtt vum Keir Starmer, den 22. Juni, neie Premierminister vum Vereenegte Kinnekräich.
Lëtzebuerg
ännerenAfrika
änneren- 3. Januar: Am Equatorialguinea gëtt Ciudad de la Paz nei Haaptstad, a léist Malabo als Haaptstad of.
- 15. Januar: De Yoweri Museveni gëtt bei de Presidentewalen am Uganda a senger Funktioun erëmgewielt.
- 15. Mäerz: Den Denis Sassou-Nguesso gëtt als President vun der Republik Kongo erëmgewielt.
- 12. Abrëll: Bei de Presidentschaftswalen am Benin, gewënnt de Romuald Wadagni mat 94 % vun de Stëmmen; hie gëtt de 24. Mee vereedegt.
Amerika
ännerenNordamerika
ännerenMëttel- a Südamerika
änneren- 3. Januar: D'Vereenegt Staate vun Amerika attackéiere Caracas am Venezuela. De President Nicolás Maduro a seng Fra goufe gefaange geholl an aus dem Land bruecht.
- 17. Februar: No der Ofsetzung vum José Jerí gëtt de José María Balcázar nei Staatspresident vum Peru.
- 11. Mäerz: De José Antonio Kast gëtt als neie President vun Chile vereedegt.
- 12. Abrëll: Presidentschaftswalen am Peru.
- 24. Juni: Bei Äerdbiewen am Venezuela stierwen Dausende vu Leit, Zingdausende ginn der Wochen dono nach ëmmer vermësst.
Asien
änneren- 8. Februar: D'Sanae Takaichi huet bei de virgezunne Parlamentswalen a Japan am Parlament eng Zwee-drëttel Majoritéit gewonnen.
- 15. Mäerz: An engem Referendum am Kasachstan gëtt déi nei Constitutioun mat 90 % vun de Wieler ugeholl.
- 3. Abrëll: De Min Aung Hlaing, Chef vun der Junta, déi zanter dem Putsch vun 2021 am Myanmar un der Muecht ass, gëtt zum President gewielt.
- 7. Abrëll: De Generalsekretär vun der KP vum Vietnam, Tô Lâm, gëtt als Staatspresident confirméiert.
Arabesch Welt an Noen Osten
änneren- 9. Januar: Opléisung vum südlechen Iwwergangsconseil am Jemen.
- 6. bis 20. Januar: D'syresch Arméi eruewert gréisstendeels den Nordoste vum Land, deen ënnert de Syrian Democratic Forces stoung.
- 8. an 9. Januar: Bei Masseprotester am Iran géint d'Regierung ginn Dausende vu Leit vun de Sécherheetsunitéiten ëmbruecht.
- 28. Februar: Israel an d'USA gräifen den Iran un; eng Rëtsch héich miltäresch a staatlech Representanten, dorënner den Ieweschte Guide Ali Chamenei, ginn dobei ëmbruecht. Den Iran revanchéiert sech mat Attacke géint Israel, souwéi US-Militärbasen am Persesche Golf, a blockéiert d'Strooss vun Hormus.
- 11. Abrëll: Den Nizar Amidi gëtt zum neie President vum Irak gewielt.
Konscht a Kultur
ännerenMolerei
ännerenLiteratur
änneren- Servais-Präis fir dem ian De Toffoli säi Léa et la théorie des systèmes complexes.
- De Guy Helminger kritt de Batty-Weber-Präis.
Musek
ännerenKino
änneren- Oscar fir de beschte Film: One Battle After Another vum Paul Thomas Anderson.
- Gëlle Palm: Cristian Mungiu fir Fjort.
Ekonomie
änneren
Wëssenschaft an Technik
änneren- 1. - 11. Abrëll: D'Artemis II-Missioun vun der NASA an Zesummenaarbecht mat der ESA, flitt ronderëm de Mound a lant nees op der Äerd.
Sport
änneren- 6. – 22. Februar: Olympesch Wanterspiller zu Mailand/Cortina d'Ampezzo.
- 26. Abrëll: De Kenianer Sabastian Sawe an den Ethiopier Yomif Kejelcha lafen zu London als éischt e Marathon ënner zwou Stonnen (1 h 59 min 30 s, rtsp. 1 h 59 min 41 s).
- 11. Juni – 19. Juli: Foussball-Weltmeeschterschaft vun den Hären an den USA, a Mexiko an a Kanada. Spuenien gewënnt an der Finall 1:0 géint Argentinien.
- 11. an 12. Juli: d'Linda Nosková an de Jannik Sinner gewannen d'Wimbledon Championships.
Gebuer
ännerenGestuerwen
änneren- 6. Januar: Robert Goebbels, lëtzebuergesche Politiker.
- 10. Januar: Erich von Däniken, Schwäizer Auteur.
- 11. Januar: Catherine Samie, franséisch Schauspillerin.
- 19. Januar: Valentino Garavani, italieenesche Moudendesigner.
- 21. Januar: Colette Flesch, lëtzebuergesch Politikerin.
- 22. Januar: Jean-Pierre Bastid, franséische Schrëftsteller a Filmregisseur.
- 26. Januar: Steve Rollmann, lëtzebuergeschen Handballspiller.
- 26. Januar: Jacques Zeimet, lëtzebuergeschen Handballspiller a Spillerentwéckler.
- 30. Januar: Catherine O'Hara, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 30. Januar: Christa Lang, däitsch-US-amerikanesch Schauspillerin a Filmproduzentin.
- 1. Februar: Lucien Weiler, lëtzebuergesche Politiker.
- 1. Februar: Rita Süssmuth, däitsch Politikerin.
- 4. Februar: François Beukelaers, belsche Schauspiller.
- < 6. Februar: Patrick Hastert, lëtzebuergesche Schauspiller.
- 6. Februar: Prosper Klein, lëtzebuergesche Riichter.
- 11. Februar: Bud Cort, US-amerikanesche Schauspiller.
- 11. Februar: Cees Nooteboom, hollännesche Schrëftsteller.
- 11. Februar: James Van Der Beek, US-amerikanesche Schauspiller.
- 12. Februar: Robert Everling, lëtzebuergesche Schoulmeeschter a Lokalpolitiker.
- 15. Februar: Robert Duvall, US-amerikanesche Schauspiller.
- 15. Februar: Pol Greisch, lëtzebuergeschen Auteur a Schauspiller.
- 17. Februar: Jesse Jackson, US-amerikanesche Politiker a Biergerrechtler.
- 17. Februar: José van Dam, belschen Operesänger.
- 19. Februar: Eric Dane, amerikanesche Schauspiller.
- 20. Februar: Roger Bofferding, lëtzebuergesche Liichtathleet.
- 23. Februar: Léon Faber, lëtzebuergesche Lokalpolitiker.
- 27. Februar: Neil Sedaka, US-amerikanesche Sänger a Songschreiwer.
- 28. Februar: Ali Chamenei, iranesche Reliounsleader a Politiker.
- 5. Mäerz: António Lobo Antunes, portugisesche Schrëftsteller.
- 6. Mäerz: Antonio Marsina, italieenesche Schauspiller.
- 7. Mäerz: Country Joe McDonald, amerikanesche Folk- a Rocksänger.
- 14. Mäerz: Jürgen Habermas, däitsche Philosoph a Soziolog.
- 19. Mäerz: Chuck Norris, US-amerikanesche Kämpfer a Schauspiller.
- 20. Mäerz: Nicholas Brendon, US-amerikanesche Schauspiller a Kënschtler.
- 22. Mäerz: Lionel Jospin, franséische Politiker.
- 23. Mäerz: Valerie Perrine, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 30. Mäerz: Chan Santokhi, surinamesche Politiker.
- 3. Abrëll: Michele Massimo Tarantini, italieenesche Filmregisseur.
- 6. Abrëll: René Daubenfeld, lëtzebuergesche Lokalpolitiker.
- 8. Abrëll: Mario Adorf, däitsche Schauspiller.
- 17. Abrëll: Nathalie Baye, franséisch Schauspillerin.
- 30. Abrëll: Georg Baselitz, däitsch-éisträichesche Moler a Sculpteur.
- 1. Mee: Gust Stefanetti, lëtzebuergesche Lokalpolitiker.
- 3. Mee: Claire Maurier, franséisch Schauspillerin.
- 12. Mee: Romuald Figuier, franséische Sänger.
- 14. Mee: Pierre Cao, lëtzebuergesche Museker an Dirigent.
- 14. Mee: Sophie Garel, franséisch Sängerin a Fernseemoderatorin.
- 15. Mee: Angelica Domröse, däitsch Schauspillerin.
- 16. Mee: Raymond Sinnen, lëtzebuergesche Lokalpolitiker.
- 21. Mee: Henri Franck, lëtzebuergesche Lokalpolitiker.
- 23. Mee: Thérèse Liotard, franséisch Schauspillerin.
- 25. Mee: Sonny Rollins, US-amerikaneschen Jazz-Saxophonist.
- 28. Mee: Abed Rabbo Mansur Hadi, jemenittesche Generol a Politiker.
- 29. Mee: Edgar Morin, franséische Soziolog, Philosoph an Auteur.
- ≤4. Juni: Marjane Satrapi, franséisch-iranesch Comicsauteurin a Filmregisseurin.
- 6. Juni: Alan Hale, US-amerikaneschen Astronom.
- 11. Juni: David Hockney, brittesche Kënschtler.
- 15. Juni: Abdullah Ibrahim, südafrikanesche Museker a Komponist.
- 22. Juni: Alan Greenspan, US-amerikanesche Wirtschaftswëssenschaftler.
- 24. Juni: Ann Blyth, US-amerikanesch Schauspillerin.
- ≤ 26. Juni: Edmond Thill, lëtzebuergesche Konschthistoriker.
- 6. Juli: Henri Metz, lëtzebuergeschen Neurolog.
- 7. Juli: Joanna Pettet, englesch Schauspillerin.
- 8. Juli: Bonnie Tyler, brittesch Musekerin.
- 12. Juli: Hamad bin Chalifa Al Thani, Emir vu Katar.
- 13. Juli: Sam Neill, neiséilännesche Schauspiller.
Um Spaweck
änneren| Commons: 2026 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
