Haaptsäit
Wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Am Moment gëtt et 67.819 Artikelen an 129 aktiv Benotzer, an all Mount kommen Dosenden nei Artikelen derbäi.
Jidderee kann hei matmaachen – och Dir!
Aktuell WikiProjeten: Kënschtlerbiographien, Leit op Stroosseschëlter
Wousst Dir schonn, datt…

- … de Barrage Esch-Sauer, deen tëscht 1955 an 1957 gebaut gouf, um Fouss 4,5 m déck ass an 1,5 un der Kroun, an datt d'Staumauer 168 m laang ass?
- … d'Traditioun, d'Bierger an d'Krateren um Mound no bekannten Astronomen a Wëssenschaftler ze nennen, vum Francesco Maria Grimaldi (1618-1663) agefouert gouf?
- … de Lëtzebuerger Nationalfeierdag 1840 zweemol gefeiert gouf?
- … d'Musel viru laanger Zäit an d'Meuse gelaf ass, an an deem Bett wou se haut leeft d'Meurthe gelaf ass?
Artikel vun der Woch

De Kolléisch gouf 1603 vun de Jesuitten als Collège des Jesuites gegrënnt an ass déi eelst Secondaire-Schoul zu Lëtzebuerg. 1775, ënner der Maria Theresia vun Éisträich gouf aus dem Jesuijtekolléisch de Kinnekleche Kolléisch, an de Klerus huet d'Roll vun de Jesuitten iwwerholl. No der franséischer Besatzung 1795 an der Annexioun vum deemolegen Herzogtum Lëtzebuerg un d'Republik Frankräich 1797 gouf doraus eng École Centrale, 1802 en Ecole secondaire, 1808 e Collège municipal (communal), an 1815-1817, no der Néierlag vum Napoleon, e Gymnasium. 1817 gouf d'Schoul zum Athénée royal grand-ducal ernannt, an nom Ewechfale vun der Personalunioun mat Holland, 1890, zum Athénée grand-ducal.
Bis 1964 war d'Schoul an der Ënneschtgaass nieft der Kathedral, an de Gebaier, an deenen dono bis 2019 d'Nationalbibliothek dra war. 1964 koum de Kolléisch an en deemools neit Gebai um Geesseknäppchen... > méi

Op engem 18. August

- 1227: Doud vum Dschingis Khan, Grënner vum mongolesche Welträich.
- 1765: Mam Doud vum Franz I. Stephan vu Loutrengen regéiert säi Jong Joseph II. als Keeser vum Hellege Réimesche Räich.
- 1874: De lëtzebuergeschen Auteur a Politiker Auguste Liesch gëtt gebuer.
- 1920: Déi US-amerikanesch Schauspillerin Shelley Winters kënnt op d'Welt.
- 1932: Gebuert vum franséische Virolog Luc Montagnier.
- 1933: De polnesche Filmregisseur Roman Polański gëtt gebuer.
- 1937: Gebuert vum US-amerikanesche Schauspiller Robert Redford.
- 1957: Déi franséisch Schauspillerin Carole Bouquet kënnt op d'Welt.
Kierzlech Verstuerwen

- 13. August: Mark Rydell, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 8. August: Venant Arend, lëtzebuergesche Sänger.
- 1. August: Vincent Pastore, US-amerikanesche Schauspiller.
- 24. Juli: Gunther von Hagens, däitschen Anatom.
- 13. Juli: Sam Neill, neiséilännesche Schauspiller.
E Bléck op…
Aner Wikimediaprojeten
Meta-Wiki– Koordinatioun
Commons– Medien
Wiktionnaire – Dictionnaire
Wikibooks – Léierbicher
Wikiquote – Zitater
Wikiversity – Léierplattform
Wikisource – Quellen
Wikinews – Noriichten
Wikidata – Wëssensdatebank
Wikivoyage – Reesguiden
MediaWiki – MediaWiki-Software
Wikispecies – Datebank fir Liewewiesen
Wikifunctions – Funktiounsbibliothéik
