Haaptsäit

Wikipedia

Wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!

Am Moment gëtt et 67.831 Artikelen an 129 aktiv Benotzer, an all Mount kommen Dosenden nei Artikelen derbäi.

Jidderee kann hei matmaachen – och Dir!

Wousst Dir schonn, datt…

Monument TdF 2006 zu Esch-Uelzecht
Monument TdF 2006 zu Esch-Uelzecht
  • … den Tour de France zanter 1947 bis ewell néngmol duerch Lëtzebuerg goung?
  • … am Joer 1811 zu Lëtzebuerg 66 Gierwereie bestanen hunn, an datt d'Haaptclienten dovu laang d'Arméie waren, déi zu Lëtzebuerg stationéiert waren?
  • … de Barrage Esch-Sauer, deen tëscht 1955 an 1957 gebaut gouf, um Fouss 4,5 m déck ass an 1,5 un der Kroun, an datt d'Staumauer 168 m laang ass?

Artikel vun der Woch

Den Athénée de Luxembourg, och nach De Kolléisch oder Stater Kolléisch genannt, ass e klassesche Lycée um Campus Geesseknäppchen an der Stad Lëtzebuerg.

De Kolléisch gouf 1603 vun de Jesuitten als Collège des Jesuites gegrënnt an ass déi eelst Secondaire-Schoul zu Lëtzebuerg. 1775, ënner der Maria Theresia vun Éisträich gouf aus dem Jesuijtekolléisch de Kinnekleche Kolléisch, an de Klerus huet d'Roll vun de Jesuitten iwwerholl. No der franséischer Besatzung 1795 an der Annexioun vum deemolegen Herzogtum Lëtzebuerg un d'Republik Frankräich 1797 gouf doraus eng École Centrale, 1802 en Ecole secondaire, 1808 e Collège municipal (communal), an 1815-1817, no der Néierlag vum Napoleon, e Gymnasium. 1817 gouf d'Schoul zum Athénée royal grand-ducal ernannt, an nom Ewechfale vun der Personalunioun mat Holland, 1890, zum Athénée grand-ducal.

Bis 1964 war d'Schoul an der Ënneschtgaass nieft der Kathedral, an de Gebaier, an deenen dono bis 2019 d'Nationalbibliothek dra war. 1964 koum de Kolléisch an en deemools neit Gebai um Geesseknäppchen... > méi

Op engem 20. August

Net den Datum vun haut? Klickt hei fir Äre Cache eidel ze maachen oder mellt Iech un!
Méi iwwer: … den 20. August… soss en Dag2026

Kierzlech Verstuerwen

Nicolas Strotz
Nicolas Strotz

Éischter am Joer - änneren

E Bléck op…

Heed an der Westruper Heide bei Haltern am See.

Aner Wikimediaprojeten

Meta-WikiMeta-Wiki– Koordinatioun CommonsCommons– Medien WiktionaryWiktionnaire – Dictionnaire WikibooksWikibooks – Léierbicher WikiquoteWikiquote – Zitater WikiversityWikiversity – Léierplattform WikisourceWikisource – Quellen WikinewsWikinews – Noriichten WikidataWikidata – Wëssensdatebank WikivoyageWikivoyage – Reesguiden MediaWikiMediaWiki – MediaWiki-Software WikispeciesWikispecies – Datebank fir Liewewiesen WikifunctionsWikifunctions – Funktiounsbibliothéik

Sprooch