Haaptsäit
Wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Am Moment gëtt et 67.304 Artikelen an 128 aktiv Benotzer, an all Mount kommen Dosenden nei Artikelen derbäi.
Jidderee kann hei matmaachen – och Dir!
Aktuell WikiProjeten: Kënschtlerbiographien, Leit op Stroosseschëlter
Wousst Dir schonn, datt…

- … déi sougenannt Ofizièl lezebuurjer ortografi déi éischt gesetzlech festgeluecht Schreifweis vum Lëtzebuergesche war, déi 1946 agefouert gouf, awer sou gutt wéi vu kengem benotzt a schonn 1950 duerch déi vum Luxemburger Wörterbuch ersat gouf, wat awer eréischt gesetzlech 1975 festgehale ginn ass?
- … Basalt d'Form vu sechseckege Saile kritt, wann d'Basalt-Lava méi lues wéi gewéinlech ofkillt?
- … d'Buergfrid-Affär eng politesch-juristesch Affär tëscht 1969 an 1974 war, déi der Ministesch Madeleine Kinnen, der éischter Fra an enger Lëtzebuerger Regierung, hiert Amt kascht huet?
- … zu San Marino d'Amt vum Staatschef vun zwou Persounen ausgeüübt gëtt, déi all 6 Méint änneren?
- … d'Staatlech Pressehëllef, déi zu Lëtzebuerg 1976 agefouert gouf, fir de Meenungspluralismus ze stäipen, sech am Joer 2018 op eng 8,16 Milliounen Euro belaf huet?
Artikel vun der Woch

De Frank Vincent Zappa (21.12.1940 - 4.12.1993) war en US-amerikanesche Museker a Komponist. Hien huet sech en eegent musikalesch Universum geschaf aus enger Mëschung aus Rockmusek, psychedeleschem Rock, Jazz, experimenteller Musek an zäitgenëssescher Klassik, vermëscht mat engem gudde Schotz De-Geck-mat-sech-selwer-Maachen, Humor a Performance-Konscht.
Uganks vun den 1960er Joren huet hien dacks mam Captain Beefheart zesumme gespillt. Seng éischt professionell Opname ware Soundtracke vu B-Filmer. An der Mëtt vun den 1960er Jore gouf hien de Gittarist vun der Grupp The Soul Giants, vun där hie séier de Chef gouf a s'an "The Mothers" ëmbenannt huet. 1966 koum den éischten Album vun der Band, Freak Out!, eraus.
Nieft der Rockmusek war den Zappa ëmmer och um Komponéiere vun zäitgenëssescher klassescher Musek intresséiert. Seng Plack Lumpy Gravy vun 1967 war eng éischt Verëffentlechung an déi Richtung. An den 1970er Joren huet hie sech an der éischter Hallschent méi a Richtung Jazz, duerno a Richtung Rock orientéiert... > méi

Op engem 24. Mee

- 1543: Doud vum Astronom Nikolaus Kopernikus.
- 1686: Gebuert vum däitsche Physiker Daniel Gabriel Fahrenheit.
- 1819: Déi brittesch Kinnigin Victoria I. kënnt op d'Welt.
- 1848: Déi däitsch Schrëftstellerin Annette von Droste-Hülshoff stierft.
- 1914: Déi däitsch Schauspillerin Lilli Palmer gëtt gebuer.
- 1941: Den US-amerikanesche Sänger a Songschreiwer Bob Dylan kënnt op d'Welt.
- 1993: Eritrea erkläert seng Onofhängegkeet vun Ethiopien.
- 2006: Doud vum franséische Schauspiller Claude Piéplu.
Kierzlech Verstuerwen

- ≤ 23. Mee: Thérèse Liotard, franséisch Schauspillerin.
- 21. Mee: Henri Franck, lëtzebuergesche Lokalpolitiker.
- 16. Mee: Raymond Sinnen, lëtzebuergesche Lokalpolitiker.
- 15. Mee: Angelica Domröse, däitsch Schauspillerin.
- 14. Mee: Pierre Cao, lëtzebuergesche Museker an Dirigent; Sophie Garel, franséisch Sängerin a Fernseemoderatorin.
E Bléck op…
Aner Wikimediaprojeten
Meta-Wiki– Koordinatioun
Commons– Medien
Wiktionnaire – Dictionnaire
Wikibooks – Léierbicher
Wikiquote – Zitater
Wikiversity – Léierplattform
Wikisource – Quellen
Wikinews – Noriichten
Wikidata – Wëssensdatebank
Wikivoyage – Reesguiden
MediaWiki – MediaWiki-Software
Wikispecies – Datebank fir Liewewiesen
Wikifunctions – Funktiounsbibliothéik
