Montana

Bundesstaat vun den USA
Montana
(Detailer) (Detailer)
Spëtznumm: Big Sky Country
The Treasure State

Lëscht vun alle Bundesstaaten
Haaptstad:Helena
Gréisst Stad:Billings
Gouverneur:Greg Gianforte
Fläch:
 - Total:
 - Waasser:
Op 4. Plaz
380.800 km²
1 %
Bevëlkerung:
 - Total:
 - Dicht:
Op 44. Plaz
1.084.225 (2020)[1]
2,86/km²
Opgeholl als Memberstaat: 8. November 1889 (41ten)
Zäitzon:UTC-7/-6

De Montana ass e Bundesstaat am Nordweste vun den USA.

Geographie a Bevëlkerung

änneren

De Montana deelt sech eng 877 km laang Grenz mat dräi kanadesche Provënzen: British Columbia, Alberta, a Saskatchewan. Donieft grenzt en am Osten un den North Dakota an un de South Dakota, am Süden un de Wyoming an am Westen a Südwesten un de Idaho.

Obwuel de Montana de véiertgréisste vu 50 US-Bundestaaten ass huet en nëmmen eng ganz kleng Bevëlkerung. Nëmmen zwéin aner Staate si manner besidelt. 2015 gouf geschat, datt e bësse méi wéi eng Millioun Leit am Staat gewunnt hunn, vun deene sech 89,2 % als wäiss Amerikaner, 6,6 % als Indianer, 3,6 % als Hispanic/Latino, 0,8 % als asiatesch an 0,6 % als Afroamerikaner identifizéiert hunn, woubäi ee méi wéi eng Kategorie konnt uginn[1].

Ekonomie

änneren

D'Ekonomie vum Montana baséiert op der Landwirtschaft. Aner wichteg Secteure sinn d'Explotatioun vu fossille Ressourcen (Pëtrol, Gas, Kuelen...) an Tourismus.

D'Duerchschnëttsakommes louch tëscht 2010 an 2014 bei 46.766 US-Dollar pro Stot a 25.977 USD op de Kapp[1].

Um Spaweck

änneren
 Commons: Montana – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. 1 2 3 census.gov: QuickFacts: Montana