Harald V. vun Norwegen
Den Harald V. vun Norwegen, gebuer den 21. Februar 1937 zu Skaugum bei Oslo, an och do gestuerwen den 28. August 2026[1], war vum Doud vu sengem Papp Olav V., de 17. Januar 1991, bis zu sengem Doud, den 28. August 2026 Kinnek vun Norwegen. Hien ass aus dem Haus Schleswig-Holstein-Sonderburg-Glücksburg, enger Niewelinn vum Haus Oldenburg.
| Harald V. vun Norwegen | |
|---|---|
|
| |
|
| |
| Titelen | |
|
Kinnek vun Norwegen | |
| 17. Januar 1991 – 28. August 2026 | |
| Virgänger | Olav V. |
| Nofollger | Haakon VIII. |
| Biographie | |
| Gebuer |
21. Februar 1937 Skaugum |
| Gestuerwen |
28. August 2026 Rikshospitalet |
| Alter | 89 Joer |
| Bestuet mat | Sonja Haraldsen |
| Papp | Olav V. |
| Mamm | Märtha vu Schweden |
| Geschwëster | Ragnhild vun Norwegen, Astrid vun Norwegen |
| Kanner | Märtha Louise vun Norwegen, Haakon VIII. vun Norwegen |
| Gielercher |
Grand-croix de la Légion d'honneur, Gëllenen Olympeschen Uerden, Wäissen Aadleruerden, Dräi-Stären-Uerden 1. Klass, Stär vu Rumänien, Elefanten-Uerden, Sonderstufe des Großkreuzes des Verdienstordens der Bundesrepublik Deutschland, Grand collier vum Chrysanthèmenuerden, Grand collier vum Uerde vum Infant Dom Henrique, Kinnekleche Seraphinenuerden, Erléiser-Uerden, Grousskräiz vum Leopoldsuerden |
|
| |
Als Kinnek vun Norwegen hat den Harald V. virun allem representativ, ma och wichteg konstitutionell Aufgaben. Hien huet an d'Ministeren ernannt an entlooss, an huet d'Parlamentssessiounen opgemaach. Ausserdeem huet hie Gesetzer sanktionéiert.
Den Harald V. ass de Jong vum Olav V. an der Krounprinzessin Märtha, gebuer Prinzessin vu Schweden, Den Harald ass deen éischten norwegesche Kinnek zanter dem Olav IV., am Joer 1370, deen am Land gebuer ass.
No sengem Lycée ass hien op d'norwegesch Militärakademie an op de Balliol College zu Oxford gaangen. 1957 gouf säi Papp Olav V. Kinnek an hie selwer Krounprënz.
Den 29. August 1968 huet hien d'Sonja Haraldsen an der Osloer Kathedral bestuet. Säi Papp hat eréischt no 9 Joer seng Awëllegung zum Bestietnes mat enger net-adeleger Fra ginn. Si hunn zwee Kanner, d'Prinzessin Märtha Louise an de Kinnek Haakon VIII.
Den Harald V. huet e puermol Norwegen am Seegele bei den Olympesche Spiller vertrueden.
Um Spaweck
änneren| Commons: Harald V. vun Norwegen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
änneren- ↑ (lb) No enger Bluttinfektioun: Norweegesche Kinnek Harald V. am Alter vun 89 Joer gestuerwen. RTL Lëtzebuerg (28.08.2026). Gekuckt den 28.06.3026.
