Weliko Tarnowo
Weliko Tarnowo (Bulgaresch Велико Търново) ass eng Stad a Bulgarien ait 59.166 Awunner (Stand 31. Dezember 2022). Et ass d'Prefektur vum Oblast (Arrondissement) mam selwechten Numm an de Sëtz vun der Gemeng Weliko Tarnowo.
| Weliko Tarnowo | |
|---|---|
|
| |
|
| |
| Land | Bulgarien |
| Awunner | 59.870 (31. Dezember 2024; 31. Dezember 2025) |
| Fläch | 30,379 km² |
| Koordinaten | 43°4'43,147"N, 25°37'41,848"O |
| Telefonszon | 062 |
| Postcode | 5000 |
| Websäit | https://www.veliko-tarnovo.bg/bg/ |
|
| |
Se läit op der Jantra, am nërdlechen Deel vun de Balkanbierger. Weliko Tarnowo war am Mëttelalter d'Haaptstad vum Zweete Bulgaresche Räich.
D'Stad ass e wichtege Verkéiersknuet op der bulgarescher Nord-Süd-Streck. Se deelt sech de Fluchhafe Gorna Orjachowiza mat der Nopeschstad Gorna Orjachowiza.
An der Stad gëtt et eng Universitéit aus dem Joer 1963 a verschidden aner Universitéiten, Héichschoulen, Theateren, Muséeën a Kulturariichtungen. Et gëtt awer och industriell Aktivitéiten (ë. a. Maschinnebau, Textilindustrie an Iesswuereproduktioun),
Um Spaweck
änneren| Commons: Weliko Tarnowo – Biller, Videoen oder Audiodateien |
