Thierry Ardisson
Den Thierry Ardisson, gebuer de 6. Januar 1949 zu Bourganeuf, am Departement Creuse, a gestuerwen de 14. Juli 2025 zu Paräis, war e franséischen Televisiounsanimateur a -produzent, Auteur a Filmproduzent.
| Thierry Ardisson | |
|---|---|
|
| |
| Gebuertsnumm | Thierry Pierre Clément Ardisson |
| Gebuer |
6. Januar 1949 Bourganeuf |
| Gestuerwen |
14. Juli 2025 13. Arrondissement |
| Doudesursaach | Liewerkriibs |
| Nationalitéit | Frankräich |
| Educatioun | Universitéit Paul-Valéry zu Montpellier |
| Aktivitéit | Televisiounsproduzent, Fernseemoderator, Filmproduzent, Schrëftsteller, Journalist |
| Auszeechnungen | Chevalier vun der Légion d'honneur |
| Famill | |
| Bestuet mat |
Audrey Crespo-Mara (21.6.2009–14.7.2025), Christiane Bergognon (6.1970–1980), Béatrice Ardisson (1988–2009) |
| Papp | Victor Ardisson |
| Mamm | Renée Ardisson |
| Kanner | Manon Ardisson, Ninon Ardisson, Gaston Ardisson |
| Websäit | https://thierryardisson.fr/ |
|
| |
Hie war joerzéngtelaang Animateur vun enger ganzer Rëtsch vu Magasinnen, Talk- a Variétésshowen op verschiddene Sender vun der franséischer Tëlee, dorënner Paris Dernière, Tout le monde en parle, an On a tout essayé.
Hie war och Auteur vu Bicher dorënner Confessions d’un Babyboomer an e Bestseller iwwer de Louis XX. (Louis XX – Contre-enquête sur la Monarchie). Viru senger Karriär als Animateur huet hien an der Publicitéitsbranche geschafft a war ë. a. Editeur resp. Matgrënner vun Zäitschrëften (J'économise, L'écho des Savannes, Interview).
Gielercher
änneren
Chevalier vun der Légion d'honneur
Um Spaweck
änneren| Commons: Thierry Ardisson – Biller, Videoen oder Audiodateien |
