E Sesambeen (lat.: Os sesamoideum) ass eng kleng Schank, déi an enger Seen oder an engem Muskel[1] läit. Sesambeen kommen op verschiddene Plazen am Kierper vir, dacks am Beräich vun engem Gelenk. Am bekanntste si s'am Beräich vum Fouss oder der Hand.

Rëntgebild mat Feiler, déi op zwee Seesambeen am Fouss weisen.

Sesambeen suerge fir en zousätzlechen Ofstand tëscht der Seen an der Schank. Doduerch huet d'Seen eng besser Hiewelwierkung, sou datt manner Kraaft noutwenneg ass, fir d'Schank, déi mat der Seen verbonnen ass, ze beweegen. Donieft verhënnere Sesambeen, datt Seene beim hirem Verlaf iwwer d'Gelenk duerch Drockbelaaschtung geschiedegt ginn. [2]

Dat gréisst Sesambeen am mënschleche Kierper ass d'Knéischeif.

Um Spaweck

änneren
 Commons: Sesambeen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. Artikel vun der National Library of Medicine
  2. (de) Sesambein. DocCheck Flexikon. Gekuckt den 23. August 2025.