Patrick Santer

lëtzebuergeschen Affekot a Politiker (CSV)

De Patrick Santer, gebuer de 16. August 1970, ass e lëtzebuergeschen Affekot an CSV-Politiker.

Patrick Santer
Gebuer 16. August 1970
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Affekot
Partei CSV
Fonctioun Deputéierten an der Lëtzebuerger Chamber, Conseiller am Staatsrot
Auszeechnungen Officier vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg
Famill
Papp Jacques Santer

Zanter dem 27. Abrëll 1995 ass hien als Affekot um Barreau vu Lëtzebuerg ageschriwwen.

Hie war vum 12. Oktober 1999 bis de 5. Juni 2004 a vum 3. August 2004 bis den 11. Mäerz 2009 als Deputéierte vum Walbezierk Zentrum an der Chamber.

De 27. Abrëll 2009 gouf hien als Member vum Staatsrot nominéiert. Zanter dem 1. Abrëll 2019 ass hie Vizepresident vun där Institutioun.[1]

Hien ass President vum Verwaltungsrot vun der UniCredit International Bank Luxembourg a souz vun 2012 bis zu der russescher Attack op d'Ukrain, 2022, am Verwaltungsrot vum russesche Grupp Sodrugestvo.[2]

De Patrick Santer ass bestuet an huet eng Duechter. Säi Papp ass de fréiere Premierminister an EU-Kommissiounspresident Jacques Santer.

Gielercher

änneren

Referenzen

änneren