Martin Parr

brittesche Fotograf

De Martin Parr, gebuer den 23. Mee 1952 zu Epsom, am Surrey, a gestuerwen de 6. Dezember 2025 zu Bristol,[1] war e brittesche Fotograf, dee bekannt war fir seng humoristesch Biller vun Alldagssituatiounen, an enger Mëschung aus Dokumentar- a Konschtfotografie, dacks mat engem kritesch-ethnologesche Bléck.

Martin Parr
Gebuer 23. Mee 1952
Epsom
Gestuerwen 6. Dezember 2025
Bristol
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Fotograf, Fotoreporter, Regisseur, Kameramann, Schauspiller
Member vun Magnum Photos
Auszeechnungen Preis für junge europäische Fotografen, Lucie Award, Commander of the Order of the British Empire
Websäit https://martinparr.com/

Hie war Member vun der Agence Magnum Photos, an 2013 bis 2017 hire President. Nieft sengen Aarbechten als Fotograf huet hien och doruechter Coursë ginn.

Fir d'Kulturjoer 2007 huet de Mudam eng Serie Fotoen iwwer Lëtzebuerg bei him an Optrag ginn, déi ënner dem Titel Luxembourg Deel vum Mudam senger Kollektioun goufen.[2]

Déi vun him gegrënnt Martin Parr Foundation zu Bristol archivéiert säi Wierk, organiséiert Ausstellungen a gëtt Bicher eraus.[3]

De Martin Parr war och e Sammler vu Fotobänn, Postkaarten, besonnesch bedréckt Verpakungen, oder vu Memorabilien iwwer ë. a. d'Margaret Thatcher, de Saddam Hussein oder den Osama Bin Laden.

Wierker (Auswiel)

änneren

Literatur

änneren

Um Spaweck

änneren
 Commons: Martin Parr – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. Martin Parr 1952–2025. magnumphotos.com, 07.12.2025
  2. Martin Parr op mudam.com (nogekuckt: 07.12.2025).
  3. Martin Parr Foundation. magnumphotos.com (nogekuckt:07.12.2025).