Logone
De Logone ass en ongeféier 1.000 km laange Floss an Zentralafrika.
|
| |
| Längt | 1.000 km |
|---|---|
| Debit | 492 m³/s |
| Hydrographesche Baseng | Chad Basin |
| Fläch vum Anzuchsgebitt | 78.000 km² |
| Leeft an | Schari |
|
| |

En entsteet duerch den Zesummefloss vum Pendé (den ëstleche Logone) an der zentralafrikanescher Republik, an dem Mbéré (westleche Logone) am Oste vum Kamerun. Duerno duerchleeft en Deeler vum Tschad an ass d'politesch Grenz tëscht dem Kamerun an dem Tschad. Am Süde vun N'Djamena leeft en da mam Schari zesummen, deen an den Tschadséi fléisst.
Um Spaweck
änneren| Commons: Logone – Biller, Videoen oder Audiodateien |
