Légion d'honneur

héchste franséische Verdéngschtuerden

D'franséisch Éierelegioun, op Franséisch Ordre national de la Légion d'honneur, ass eng Associatioun vu verdéngschtvolle Militärpersounen oder Zivilisten, déi den 19. Mee 1802 vum Generol an Éischte Konsul Napoleon Bonaparte, nom Virbild vun der ofgeschaafter Monarchie sou wéi ë. a. den Ordre de Saint-Michel, den Ordre du Saint-Esprit, den Ordre de Saint-Louis gegrënnt gouf. Den Ordre de la Légion d'honneur ass zanterhier den héchsten a bekanntsten Uerde vu Frankräich a gouf nom Doud vum Napoleon bäibehalen. Haut ass de President vun der Republik Groussmeeschter vum Uerden (Grand maître); hie kritt deen Dag, wou e seng Funktiounen offiziell iwwerhëlt, de Collier du Grand-Maître – deemno eng Halsketten – iwwerreecht.

D'Offizéierkräiz vun der
Légion d'honneur, 1880

Am Uerde sinn ongeféier zwee Drëttel Militärpersounen an een Drëttel Zivilpersoune Member.

Déi éischt Verdeelung vun dëser Auszeechnung war de 15. Juli 1804[1]. Den eelste Mënsch, deen d'Éierelegioun krut, war de Marcellin Babaud, en Zaldot aus dem Éischte Weltkrich. Hie gouf de 27. Juli 1994 am Alter vun 106 Joer Ritter vun der Legioun.

Zu Paräis gëtt et, direkt nieft dem Musée d'Orsay, de Musée de la Légion d'honneur. D'Légion d'honneur ënnerhält och eng schoulesch Institutioun mat engem Internat fir déi mannerjäreg Meedercher vu militäresche Memberen, déi am Asaz fir Frankräich gefall sinn.

LëtzebuergeschFranséischZil am CodeBestand am Joer 2000Gielchen
RitterChevalier[2]125.00087.371
OffizéierOfficier10.00022.401
CommandeurCommandeur[3]1.2503.626
GroussoffizéierGrand officier250321
GrousskräizGrand-croix7561
GroussmeeschterGrand maître11

Persounen, déi ausgezeechent goufen (Auswiel)

änneren
Éischt Verdeelung vum Uerden de 15 Juli 1804 an der église des Invalides.
Bild vum Jean-Baptiste Debret, 1812. Musée national du château de Versailles

Fransousen

änneren

Däitscher

änneren

Italieener

änneren

Lëtzebuerger

änneren

Schotten

änneren

US-Amerikaner

änneren

Institutiounen, déi ausgezeechent goufen

änneren

Stied a Gemengen a Frankräich

änneren

Stied am Ausland

änneren
Stad Land Datum vun der Auszeechnung
Alger Algerien 15. August 2004
Belgrad Jugoslawien 28. Dezember 1920
Léck Belsch 7. August 1914
Lëtzebuerg Lëtzebuerg 18. Juni 1957
Volgograd[4] Russland 20. Dezember 1984

Schoulen

änneren

Entreprisen

änneren
  • Déi franséisch Eisebunn, d'SNCF

Organismen

änneren

Um Spaweck

änneren

Referenzen

änneren
  1. Cf. d'Kapitel Les premières remises d'insignes op der Säit Historique vun der grande chancellerie op http://www.legiondhonneur.fr
  2. D'Bezeechnung vum chevalier war bis 1808 légionnaire (Legionär)
  3. D'Bezeechnung vum commandeur war bis 1816 commandant (Kommandant)
  4. Volgograd ass den haitegen Numm vu Stalingrad.