Joseph Eyschen (Politiker)

lëtzebuergesche Politiker an Dokter
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Dokter a Politiker Jospeh Eyschen. Fir de Basketballspiier, kuckt wgl. Joseph Eyschen (Sportler).

De Joseph ("Josy") Eyschen, gebuer de 15. Mäerz 1931 an der Stad Lëtzebuerg, an och do den 10. Februar 2025 gestuerwen, war e lëtzebuergeschen Dokter a Politiker (DP)[1]

Joseph Eyschen
Gebuer 15. Mäerz 1931
Lëtzebuerg
Gestuerwen 10. Februar 2025
Lëtzebuerg
Alter 93 Joer
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Urolog, Politiker
Partei Demokratesch Partei
Fonctioun Deputéierten an der Lëtzebuerger Chamber

De Josy Eyschen war dat eelst vu véier Kanner. Hien huet zu Paräis, Léiwen a Cleveland Medezin studéiert, wou e sech op Urologie spezialiséiert huet. Dono huet hien am Escher Spidol geschafft, an huet do d'Dialys-Statioun opgebaut.[1]

1969 gouf hie Member vun der DP. Bei de Chamberwale vum 26. Mee 1974 a vum 10. Juni 1979 huet hien op der Süd-Lëscht fir d'DP kandidéiert a gouf an d'Chamber gewielt. Dono war hien nach zweemol Kandidat, ouni awer gewielt ze ginn. Vun 1982 bis 1987 a vun 1990 bis 1993 war hie Member vum Escher Gemengerot.[1]

De Josy Eyschen war bestuet an hat zwee Kanner.

Gielercher

änneren

Kuckt och

änneren

Referenzen

änneren
  1. 1 2 3 Glenn Schwaller: "Früherer DP-Politiker Josy Eyschen gestorben." wort.lu, 12.02.2025; Roy Grotz: Dr. Josy Eyschen am Alter vun 93 Joer gestuerwen. rtl.lu, 12.02.2025.
    Mensch, Arzt und Politiker. Josy Eyschen (93), Begründer des Dialysedienstes in Esch verstorben. Tageblatt, Nr. 37, 13. Februar 2025, S. 18.
    Früherer DP-Politiker Josy Eyschen gestorben. Luxemburger Wort, Nr. 37, 13. Februar 2025, S. 8.
  2. Memorial B n° 6 vun 1996 mat der Lëscht vun de Leit déi 1995 eng national Auszeechnung kritt hunn Op der Säit 93 vun deem Memorial steet 'Promotion 1995' wärend op der säit 94 'Promotion 1994' steet.