Jansenius
De Cornelius Otto Jansen, genannt Jansenius, gebuer den 28. Oktober 1585 zu Acquoy a Geldern (Spuenesch Nidderlanden), a gestuerwen un der Pescht de 6. Mee 1638 zu Ieper a Flandern, deemools och en Deel vun de Spueneschen Nidderlanden, war ee kathouleschen Theolog a Bëschof vun Ieper tëscht 1636 a 1638.
| Jansenius | |
|---|---|
|
| |
| Pseudonym | Alexander Patricius, Alexander Patricius Armacanus, Armacanus Patricius |
| Gebuer |
28. Oktober 1585 Acquoy |
| Gestuerwen |
6. Mee 1638 Ieper |
| Alter | 52 Joer |
| Doudesursaach | Pescht |
| Nationalitéit | Südlech Nidderlanden |
| Educatioun | Al Universitéit vu Léiwen |
| Aktivitéit | Theolog, Universitéitsprofesser, kathoulesche Priister, kathoulesche Bëschof |
|
| |
Hien huet an der Haaptsaach eng Léier hannerlooss, déi als Jansenismus bezeechent gëtt.
