Gemeng Manternach

lëtzebuergesch Gemeng am Kanton Gréiwemaacher

D'Gemeng Manternach ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Gréiwemaacher. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Manternach vun där se och hiren Numm huet.

Gemeng Manternach
D'Märei, dat fréiert Härenhaus.
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Manternach
de: Manternach
Land Lëtzebuerg
Kanton Kanton Gréiwemaacher
Gemeng Kanton Gréiwemaacher
Chef-lieu Manternach
Buergermeeschter Jean-Pierre Hoffmann
Awunner 2.340
  1. Januar 2026
Fläch 2.785,3842 ha
Héicht 252 m
Koordinaten 49° 42’ 25’’ N
      06° 25’ 25’’ O
LAU-Code LU1106
Websäit https://manternach.lu/

Kaart

D'Gemeng huet 2.340 Awunner (Stand 1. Januar 2026)[1][2].

Geographie

änneren

D'Gemeng Manternach läit am Kanton Gréiwemaacher am Oste vum Land.

Nopeschgemengen

änneren
Wandrous Bech Rouspert-Mompech Wandrous
N Mäertert
W    Manternach    O
S
Biwer Gréiwemaacher

Uertschaften a Lieu-diten an der Gemeng

änneren

Geschicht

änneren

Manternach huet bis d'Franséisch Revolutioun der Abtei Sankt Maximin vun Tréier gehéiert. D'Härenhaus (haut d'Märei) war eng Filial vun där Abtei.

D'Gemeng Manternach ass, wéi déi meescht aner Gemengen am Land, ënner dem franséische Regimm entstanen, de facto den 1. Oktober 1795, wéi mat der Aglidderung an d'Bëscherdepartement och déi franséisch Gemengegesetzgebung zu Lëtzebuerg applikabel gouf. Och no der Grënnung vum Groussherzogtum Lëtzebuerg, 1814/15, sinn d'Gemenge weiderhin als lokal Verwaltungseenheeten erhale bliwwen.

Beschreiwung am Originaltext:

écartelé d'or et d'azur à la croix ancrée écartelée de gueules et d'argent, brochant
D.C. 29. Oktober 1983 - A.M. 19. Dezember 1983 - Mémorial B 1983, Säit 1379 - Projet: 1983 Jean-Claude Loutsch.

Demographesch Entwécklung

änneren
AwunnerJoer21002150220022502300235020182020202220242026AwunnerEntwécklung vun der Awunnerzuel


Quell: STATEC – Population par canton et commune, automatesch vu Wikidata agebonnen.

Politik

änneren

De Gemengerot vun der Gemeng Manternach gëtt nom Majorzsystem gewielt.

Buergermeeschteren

änneren
00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.
  • 1844 – 1849: M. Prost[3]
  • 1849 – 1850: E. De Waha
  • 1850 – 1867: J. Mehlen
  • 1867 – 1885: J. Prost
  • 1885 – 1894: M. Schram
  • 1894 – 1909: M. Schiltz
  • 1909[3] – 1941[4]: Nikolaus Wagner
  • ...
  • 1975 – 2005: Henri Frank
  • 2005 – 2011: Willibrord de Jong
  • 2011 – 2017: Henri Frank
  • zanter 2017: Jean-Pierre Hoffmann

Interkommunal Syndikater

änneren

D'Gemeng Manternach ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

Jumelage

änneren
E Jumelage-Schëld (2021) iwwert eng Partnerschaft déi schonn zanter iwwer zéng Joer net méi besteet

Manternach hat 1991 e Jumelage mat der franséischer Gemeng Saint-Désert (Saône-et-Loire) ënnerschriwwen; dës Partnerschaft gouf awer den 30. September 2010 vun der franséischer Gemeng gekënnegt, well keng Aktivitéiten méi tëscht béide Gemenge bestanen hunn a well de Comité de Jumelage sech net un all Konditioune gehalen hat[5].

Kuckeswäertes

änneren

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren

Referenzen an Notten

änneren
  1. Dës Informatioun gëtt automatesch vu Wikidata agebonnen.
  2. STATEC - Population par canton et commune. STATEC - Population par canton et commune. Institut national de la statistique et des études économiques. Gekuckt den 29. Juli 2026.
  3. 1 2 Die Bürgermeister im Distrikt Grevenmacher 1843—1933. In: Obermosel-Zeitung, 54. Jg., nº 87, Erstes Blatt (14.04.1934), p. 2 [Digitised by the National Library of Luxembourg].
  4. Sterbefall in Berburg. In: Luxemburger Wort, 1943. Jg., nº 16&17 (16.01.1943), p. 4 [Digitised by the National Library of Luxembourg],
  5. (fr) Compte rendu conseil municipal : jeudi 30 septembre 2010. www.saint-desert.fr (30.09.2010). Gekuckt den 13.12.2021.