Fransousegronn

fréier Uertschaft an der Gemeng Nidderaanwen

De Fransousegronn war eng Uertschaft mat just engem groussen Haff an der Gemeng Nidderaanwen. E louch op dem Wee dee vum Héienhaff aus a Richtung Osten op de Bloebierg an op Senneng gelaf ass.

Fransousegronn
Land Lëtzebuerg
Kanton Lëtzebuerg
Gemeng Nidderaanwen
Buergermeeschter Frédéric Ternes (CSV)
Koordinaten 49°38'9,006"N, 6°13'48,216"O
Lag vum fréiere Fransousegronn op enger Kaart vun 1979

Kaart

De Fransousegronn mat dem Haff, deen zënter … dem Lëtzebuerger Staat gehéiert huet, ass an den 1980er Joren, wéi d'Pist vum Findel verlängert gouf, zum gréissten Deel zougetippt ginn.

Ursprong vum Numm

änneren

Zum Héienhaff huet och eng Brennerei gehéiert, an där eng grouss Zuel wallounesch Aarbechter geschafft huet. Déi hate sech an der Dällt ënner dem Haff néiergelooss, a well se Wallounesch geschwat hunn, goufe se vun de Leit aus der Ëmgéigend als „Fransouse“ bezeechent an esou koum och den Dall zu sengem Numm. A well de Poiréshaff direkt niewendru war, sinn d'Awunner beim franséischen Dialekt bliwwen an hunn dem Haff den Numm „Paräisser Haff“ oder „Parishaff“ ginn.[1]

Kuckt och

änneren

Referenzen an Notten

änneren
  1. (de) Evy Friedrich, Höhenhof und Franzosengrund. 17.01.1978 Nr 13, S. 5. Tageblatt, Digitised by the National Library of Luxembourg. Gekuckt den 12.09.2026.