Feescht
Deel vum Fouss
D'Feescht ass en Deel vum Fouss bei verschiddene Mamendéieren. Et ass den ënneschten Deel hannen um Fouss, géigeniwwer vun den Zéiwen.
An der Feescht vum Mënsch sinn zwou Schanken: den Talus an de Calcaneus.
Am Beräich vun der Suel ass d'mënschlech Feescht mat enger ongeféier zwee Zentimeter décker Schicht aus Fett a Bindegeweebe ëmginn, déi d'Schanken ofpolsteren a Schocken absorbéieren.[1] D'Feescht ass donieft den Usaz fir d'Achillesseen. Op béide Säite vun där Seen fält d'Haut e bëssen an.
Duerch den oprechte Gang vum Mënsch iwwerhëlt d'Feescht eng komplex Funktioun. Si spillt eng wichteg Roll bei der Ofrullbeweegung vum Fouss.[1] Dee Gang ass nëmmen duerch d'Zesummespill vun der Feescht an dem viischten Deel vum Fouss méiglech.
- Scheema mat den zwou Schanken an der Feescht (Talus an de Calcaneus).
- Déi gréisst Schank an der Feescht: de Calcaneus (rout).
- D'Feescht (lénks am Bild) um Fouss vun engem Meedchen.
Kuckt och
änneren| Commons: Feescht – Biller, Videoen oder Audiodateien |