De Camp Butner ass haut en Trainingszenter vun der Nationalgarde vun North Carolina (North Carolina Army National Guard).

Italieenesch Krichsgefaangen am Camp Butner.

Am Zweete Weltkrich war et e Camp vun der Amerikanescher Arméi, dat zum Deel als Krichsgefaangelager fir däitsch an italieenesch Zaldote benotzt gouf. Am Camp Butner waren awer och lëtzebuergesch Zwangsrekrutéiert internéiert, déi a Gefaangenschaft geroden oder aus der Wehrmacht desertéiert waren, ënnert hinnen och de Charles Waringo[1].

De Camp dréit den Numm vum U.S. Army Generol Henry W. Butner (1875-1937).

Um Spaweck

änneren
 Commons: Camp Butner – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren