Blizzard Entertainment
Blizzard Entertainment ass eng US-amerikanesch Computer- a Videospiller-Entreprise, mat Sëtz zu Irvine a Kalifornien.
| Blizzard Entertainment | |
|---|---|
|
Logo | |
|
| |
| Typ | Société anonyme |
| Grënnungsdatum | 8. Februar 1991 |
| Grënner | Michael Morhaime |
| Land | Vereenegt Staate vun Amerika |
| Sëtz | Irvine |
| Besëtzer | Activision Blizzard |
| Direkter | Mike Ybarra |
| Mataarbechter | 13.000 |
| (31. Dezember 2022) | |
| Homepage | https://www.blizzard.com/en-us/ |
|
| |
Blizzard Entertainment gouf 1991 ënner dem Numm Silicon & Synapse gegrënnt. D'Firma huet Spiller wéi Rock & Roll Racing an The Lost Vikings (verëffentlecht vun Interplay Productions) op de Maart bruecht, a gouf 1994 vum Tëschenhändler Davidson & Associates fir 6,75 Milliounen US-Dollar opkaf. Kuerz Zäit drop huet Blizzard den Duerchbroch mam Spill Warcraft gepackt.
Blizzard huet e puermol de Besëtzer gewiesselt: Davidson gouf 1996 vun CUC opkaf; duerno huet CUC mat HFS Corporation fusionéiert, fir 1997 déi nei Entreprise Cendant Software ze grënnen. No engem grousse Comptabelskandal am Joer 1998 huet Cendant seng Parten – inklusiv Blizzard – un de franséische Verlag Havas verkaaft. Nach am selwechte Joer gouf Havas vu Vivendi Universal opkaf. Blizzard war duerno en Deel vu VU Games vu Vivendi Universal, an zanter 2008 en Deel vun Activision Blizzard. Am Oktober 2023 gouf Activision Blizzard offiziell vu Microsoft iwwerholl.
Mat Starcraft huet Blizzard eent vun de meeschtverkaften Echtzäitstrategiespiller vun der Welt erausbruecht. De jéngste goufe vill Erfolleger mat World of Warcraft gefeiert, wat Ufank 2005 an Europa erauskomm ass. Blizzard gouf nieft de Spiller och duerch de käschtefräien Déngscht Battle.net bekannt.
Spiller (Auswiel)
änneren| Joer | Titel | Genre |
|---|---|---|
| 1992 | The Lost Vikings | Jump 'n' run |
| 1994 | Warcraft: Orcs and Humans | Echtzäit-Strategie |
| 1996 | Warcraft II: Beyond the Dark Portal | Echtzäit-Strategie |
| 1997 | Diablo | Action-/Rollespill |
| 1998 | Starcraft | Science-Fictioun Echtzäit-Strategie |
| 2000 | Diablo II | Action-/Rollespill |
| 2002 | Warcraft III: Reign of Chaos | Echtzäit-Strategie |
| 2004 | World of Warcraft | MMORPG |
| 2010 | Starcraft II: Wings of Liberty | SF-Echtzäit-Strategie |
| 2012 | Diablo III | Action-/Rollespill |
| 2016 | Overwatch | Team-Based Action / FPS |
| 2023 | Diablo IV | Action RPG |
Um Spaweck
änneren| Commons: Blizzard Entertainment – Biller, Videoen oder Audiodateien |
