Baken

Method fir Liewensmëttel mat dréchener Hëtzt zouzebereeden
Dësen Artikel beschäftegt sech mat mam der Zoubereedung vu Liewensmëttel. Fir den Deel vum Gesiicht, kuckt wgl. Bak.

Baken ass eng Method fir Liewensmëttel mat dréchener Hëtzt zouzebereeden, meescht am Bakuewen.

E Bäcker am Kamerun hëlt Bréidercher aus dem Uewen.

D'Hëtzt dréngt dobäi lues a lues vun der Iwwerfläch an de banneschten Deel vum Liewensmëttel an, typescherweis bei héijen Temperaturen tëscht 180°C an 250°C. Duerch déi staark Erwiermung kënnt et zur Karamelliséierung a weidere Reaktiounen, déi dem Gebäck seng typesch Faarf a säi charakteristesche Goût ginn. Wärend dem Bakprozess verwandelt sech den Deeg an e Gebäck mat enger fester, dréchener Kuuscht an engem mëlle Kär.

Vill Liewensmëttel, déi op déi Manéier preparéiert ginn, bezeechent een als Bakwueren. Dozou zielen ënner anerem d'Brout, de Kuch an d'Kichelcher. D'Beruffer vun de Leit, déi Bakwuere produzéieren, nennt ee Bäcker a Bäckesch, respektiv Pâtissier a Pâtissière. Donieft gëtt et awer och vill aner Iesswueren, déi gebak ginn, wéi zum Beispill d'Pizza, iwwerbake Plate wéi de Gratin oder d'Lasagna, oder och nach d'gebake Gromper, souwéi Fësch, Fleesch an och Geméis.

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
 Commons: Baken – Biller, Videoen oder Audiodateien