Antananarivo

Haaptstad vu Madagaskar
Dëse Geographiesartikel iwwer Afrika ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Antananarivo (och gekierzt Tana; op Franséisch meeschtens Tananarive) ass d'Haaptstad a mat ongeféier 1,5 Milliounen Awunner déi mat Ofstand gréisste Stad vu Madagaskar.

Antananarivo
Land Madagaskar
Awunner 1.275.207
  2018
Fläch 88.000.000
Héicht 1.276 m
Koordinaten 18°54'36"S, 47°31'30"O
Telefonszon 22
Postcode 101

Geschicht

änneren

Antananarivo gouf ëm 1625 gegrënnt.

Den Numm bedeit D'Stad vun den Dausend.

1797 gouf se d'Haaptstad vun de Merina-Kinneken.

D'Eruewerung vum Kinnek Radama I. huet Antananarivo zur Haaptstad vu bal ganz Madagaskar gemaach.

1895 gouf d'Stad vu Frankräich besat.

Politik

änneren

D'Stad ass a sechs Arrondissements opgedeelt.

Wirtschaft

änneren

Antananarivo ass de Verwaltungs-, Kommunikatiouns- a Wirtschaftszentrum vu Madagaskar.

Um Spaweck

änneren
 Commons: Antananarivo – Biller, Videoen oder Audiodateien