(52) Europa
Asteroid
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Asteroid (52) Europa. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Europa. |
Den (52) Europa ass en Asteroid vun der Haaptasteroidenceinture, deen de 4. Februar 1858 vum Hermann Mayer Salomon Goldschmidt entdeckt gouf. Den Asteroid gouf no der Prinzessin Europa aus der griichescher Mythologie genannt.
|
| |
| Eegenschafte vum Orbit | |
|---|---|
| Orbittyp | Haaptasteroidenceinture |
| Bezuchspositioun | Equinoxe: J2000.0 |
| Grouss Hallefachs | 3,101 AE |
| Exzentrizitéit | 0,102 |
| Sideresch Ëmlafzäit | 5 a 164 d |
| Mëttel Bunnvitess | 16,87 km/s |
| Inklinatioun | 7,466 Grad |
| Physikalesch Eegenschaften | |
| Duerchmiesser | 360 × 315 × 240 km |
| Mass | 5,2×1019 |
| Mëttel Dicht | 3,6 g/cm³ |
| Rotatiounsperiod | 0,2347 Deeg |
| Albedo | 0,058 |
| Absolut Hellegkeet | 6,65 |
| Spektralklass | C |
| Entdeckung | |
| Entdecker | Hermann Mayer Salomon Goldschmidt |
| Entdeckungsdatum | 4. Februar 1858 |
| Plaz | Paräisser Observatoire |
| Aner Bezeechnungen | 1948 LA |
Den Europa beweegt sech an engem Ofstand vun 2,75 (Perihel) bis 3,43 (Aphel) astronomeschen Eenheeten, a 5,45 Joer ëm d'Sonn. D'Bunn ass 7,5° géint d'Ekliptik geneigt, d'Bunnexzentrizitéit ass 0,102.
Mat engem Duerchmiesser vun 289 km ass den Europa ee vun de gréissten Asteroide vun der Haaptceinture. Den Asteroid huet eng donkel Uewerfläch an eng Albedo vun 0,058.
Okkultatioun vum 3. Juli 2011
ännerenAspekter
änneren| Stationär da réckleefeg | Oppositioun | Oppositioun Distanz | Oppositioun Hellegkeet | Stationär da rechtleefeg | Konjunktioun |
|---|---|---|---|---|---|
| 27. Juni 2013 | 18. August 2013 | 2,33733 AE | 10,9 mag | 11. Oktober 2013 | 21. März 2014 |
| 18. September 2014 | 5. November 2014 | 1,98249 AE | 10,5 mag | 27. Dezember 2014 | 22. Juni 2015 |
| 27. Dezember 2015 | 11. Februar 2016 | 1,83583 AE | 10,0 mag | 29. Mäerz 2016 | 2. Oktober 2016 |
Kuckt och
änneren- Lëscht vun den Asteroiden
- Europa, fir aner Bedeitunge vum Wuert.