Den (22) Kalliope ass en Asteroid vun der Haaptceinture.

(22) Kalliope
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp Haaptasteroidenceinture
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 2,911 AE
Exzentrizitéit 0,1021
Sideresch Ëmlafzäit 4 a 353 d
Mëttel Bunnvitess 17,4 km/s
Inklinatioun 13,70 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 181 km
Mass 7,37 × 1018 kg
Mëttel Dicht 2,03 g/cm3
Rotatiounsperiod 4 h 9 min
Albedo 0,1419
Absolut Hellegkeet 6,45
Spektralklass M
Entdeckung
Entdecker J. R. Hind
Entdeckungsdatum 16. November 1852
Plaz London
Aner Bezeechnungen 1938 CL, 1974 QT2

Den Objet gouf de 16. November 1852 vum John Russell Hind entdeckt.

Der Himmelskierper gouf no der Kalliope, der Mus vun der eepescher Dichtung, vun der Wëssenschaft genannt.

De Kalliope beweegt sech op enger Distanz vun 2,610 (Perihel) bis 3,21 (Aphel) AE, a ronn 5 Joer ëm d'Sonn. D'Bunn steet 13,7° schréi zu der Ekliptik, an d'Bunnexzentrizitéit ass 0,103.

De Kalliope huet en Duerchmiesser vun 181 Kilometer an ass domat ee vun de gréissten Asteroide vun der Haaptceinture. A 4 Stonnen an 9 Minutte rotéiert de Kierper ëm seng eegen Achs.

De Kalliope huet e Mound, dee Linus genannt gëtt. De Mound huet en Duerchmiesser vun 38 km a kreest ëm de Kalliope op enger kreesfërmeger Ëmlafbunn op enger Distanz vun 1065 km an 3,59 Deeg.

Aspekter

änneren
Stationär, da réckleefegOppositiounStationär, da rechtleefegMinimaldistanz (AE)Maximalhellegkeet (mag)Konjunktioun zu der Sonn
10. November 201320. Abrëll 201413. Juni 20142,1721810,97. August 2014
20. Januar 201528. Juli 20158. September 20151,8552610,54. November 2015
28. Abrëll 201612. November 201627. Dezember 20161,6796910,013. Februar 2017

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren